Ecrivez dans le livre d\'or

 
 
 
 
 
Les champs maqués avec * sont obligatoires.
Votre adresse e-mail ne sera pas publiée.
Pour des raisons de sécurité, nous sauvegardons votre adresse IP 44.192.26.60.
Il se pourrait que votre message ne soit visible dans le livre d\'or qu\'après que nous l\'ayons examiné.
Nous nous réservons le droit d\'éditer, de supprimer, ou de ne pas publier les messages.
20 entries.
Martine wrote on 13/10/2015 at 09:37
Fr 22 Jun 2012

Mein Stimmproblem

Gudden Owend,

Ech wollt Iech zwee nach eemol Merci soen, fir di Zäit an di Méi, déi
dir iech mat mir a menger Stemm maacht. Een Densdeg huet mir ganz vill
bruecht, ech fille mech lo nik méi sou machtlos.
Merci nach eemol

Martine
Guy a Karin BERG wrote on 13/10/2015 at 09:37
Mo 07 Nov 2011

Premiere STRAPSODIE in BLUE 29.10.2012

Salut dir zwee,

Wat en Optrëtt!

Nondiflätsch! Wéi mir zu Bartreng endlech de Sall fonnt haten (mir wollten eis schonns e puer Meter méi wäit erof an d'Turnhal setze goen), souze mir grad esou domm a gespaant do ze afen wéi all déi aner, wat dann elo wuel komme wäert ...

An da kommt dir zwee op d'Bühn (oder dir dräi natierlech). An da geet et lass, da fuert dir duer, da paakt dir aus .... O Mammelikanner, duecht ech, déi rappen der un, déi zwee! Wéi laang geet dat do gutt, wéi laang packe si deen Tempo? Do stinn eng Rëtsch Nummeren um Ziedel, déi eng virun der Paus, déi aner duerno. Iergendwou kommen se bestëmmt, déi kleng "Durchhänger", déi sech einfach net vermeide loossen, well esou kleng Verschnaufpausen einfach néideg sinn, absëns wann een zu zweet (oder drëtt) op der Bühn steet.

A wat ass geschitt: bis zum Schluss hunn ech op sou e klengen Durchhänger gewaart - ëmsoss, ganz ëmsoss! Dir zwee hutt déi Bühn do op eng Aart a Weis dominéiert, datt ee sech scho bal froe muss, wéi dat méiglech ass, fir zu zweet (oder drëtt) esou en "unterhaltsamen Spannungsbogen" esou laang a permanent opriicht ze halen, dee Bou keng Sekonn lass ze loossen an tatsächlech e ganzen "abendfüllenden" Programm an deer Intensitéit duer ze plättelen. Dat wor einfach grandious! Ech hu mech mat der Zäit esou ënnert d'Fotell gelaacht a gehouscht, datt déi Tatta niewent mir no der Paus ganz indignéiert hir Plaz mat deer vun hirem Mann getosch huet. Iergendwéi wor si am falsche Film, oder vun der Sittenpolizei, wat weess ech. Op alle Fall wore mir am goldrichtege Film, och de Kimi huet sech klakeg amuséiert! Wat d'Karin ugeet, brauch ech net extra drop hinzeweisen.

Dat do war wierklech ganz ganz décke Gas! Dir zwee hutt jo e komödiantescht-schauspillerescht Talent, datt et einfach e Genoss ass. Dir sangt net nëmme grandious, dir schauspillert wonnerbar, dir schafft mat enger ausgefeiltener an immens iwwerluechter Mimik a Gestik, dir danzt, an - wat sech ëmmer nees wonnerbar vermëttelt a richteg befreiend eriwwer kënnt - dir huelt de Sall an iech selwer net fir esou schrecklech grugeleg douteescht.

An dann - an ech behaapten: nëmmen dann - mécht Cabaret oder Kabarett och wierklech Spaass, da muss een einfach matlaachen, wann dir weist, datt am Fong alles, alles und jedes, fir ze laachen ass. Ech schuddere mech ëmmer virun deene sougenannte Kabarettisten déi Säit vun der Musel, déi mengen, si misste mam Fanger an der Luucht sech gescheit dohinner stellen. Ech wëll laachen dierfen, wann ee mir de Spigel dohinner hält.

Mir, an och dem Karin, huet äre Programm, deen dir zu zweet meeschtert, bei wäitem besser gefall wéi dat, wat mir beispillsweis bis elo an enger Lëtzebuerger Revue gesinn hunn. Ech weess, Yannchen, datt s du do och scho mat gemaach hues, mir hunn dech och an deem Kader op der Bühn gesinn a genoss, mee dat ass jo net däi Programm, dee gëtt jo vu villen Auteuren zesumme gesat. An dat ass och schonns de wonne Punkt: An der Revue verderben effektiv viele Köche den Brei - an dat kann iech net passéieren! Är "Revue", déi ass wierklech aus engem Goss! Och déi Elementer, déi dir iwwerholl hutt, well dir hutt si nëmmen iwwerholl, well si esou gutt bei dat anert passen.

Mäi Gott, mir hätten iech nach zéng Stonne méi laang begleet bei ärem fulminante Freedefeier! Mat der beschter Frëndin, mat der Madame Sauertopf Merkel, mam Heng a mam Tréis, mam Tiermchen a mam Wiermchen (souguer dat wor net béis a gëfteg, mee op eng frech Aart a Weis quasi léif a verdaulech), mam Vamp, mat all deene wonnerbare Figuren, déi mir do mat iech zwee kenne geléiert hunn. An dann hutt dir eis jo och nach mat bei iech an d'Schlofkummer geholl ...

Deen net gesongene Beitrag vun der beschter Frëndin mat der Zäitschrëft am Grapp, ass deen och ganz vun iech? Dat ass jo Kabarett puer, am beschte Wuertsënn! Hutt dir schonn emol dru geduecht, nach méi geziilt eppes a Richtung Kabarett ze maachen? Ech géif mech wahnsënneg gären emol mat iech doriwwer ënnerhalen!

Ech halen elo mol einfach op mat Schreiwen, soss ginn ech langweileg. Mee wéi seet de Preis: Wovon das Herz voll ist, ...

Also: e ganz ganz décke Merci fir e wonnerbare fulminanten Owend! Mir dräi an der Fotell hunn iech dräi op der Bühn vollop genoss, dans des trains complets, in vollen Zügen!

Guy (mam Karin a mam Kimi)
Schwartz - Hoffmann wrote on 13/10/2015 at 09:37
Mo 31 Okt 2011

STRAPSODIE in BLUE

E grousse merci un Yannchen Hoffmann an de Carlo Hartmann,

Mär wuaren geschter op Bertrange an den ARCA op eere Cabaretsowend. En herrlechen Owend, genee dat Richtegt fir des e bessen düster Zeit. Mir hun gudd gelaacht an eis amuséiert, wéi eigentlech de ganze Publikum, esou wéi dir dat Ganzt présentéiert hut. Félicitation vun eiser Säit. Mir fréen eis schon's op den nächsten Optrett.
Lucianne Schwartz an Armand Hoffmann , Bascharage
Jean-Paul WEYER wrote on 13/10/2015 at 09:36
Mo 07 Feb 2011

Mumm Séis

Datt d'Yannchen, de Carlo an dee ganzen Ensembel e Sonndig hei zu Gilsdref eng - wi se fréier gesot hätten - "apaart" Interpretatioun vun der Mumm Séis ofgeliwwert hunn, dat brauch ech net ze ernimmen. (Zum Dicks sénger Zäit hätt et wuel geheescht "apaarti" oder "apaartéi", hett heescht et nach just gäil oder krass eventuell nach mat "mega" kombiniërt.) Felicitatiounen a Komplimenter huet et jo nëmme sou gereent.

Ech wëll een Detail ervirheewen: d'Programmheft. An deem Heft steet, datt de Carlo duerfir zoustännig war. Abee, da muss ech dem Carlo nach eng extra Bonnott schécken. Dat Heft war "à la hauteur de la représentation": apaart, apaarti, apaartéi oder mega-gäil. 'T huet ee gemengt, et wir der Mimm just aus dem Wäschkuerf gefall. Chapeau!

JPol
Guy Berg wrote on 13/10/2015 at 09:35
Di 16 Nov 2010

Night of the Classics op der Marie-Astrid (Nov 2010)

Salut Carlo a Yannchen,

Villmols Merci fir dee wonnerschéinen Owend de Freideg op der Marie-Astrid!

Fir mech hat dee ganzen Owend scho bal eppes Surrealistesches, well ech mer bewosst gemaach hunn, wat dat fir eng gelunge Situatioun ass: ech sëtze mat menger Wiener Fra op engem lëtzebuerger Luxusschëff, dat tëscht Däitschland a Lëtzebuerg fiert, a genéissen e wonnerbaren Owend mat Wiener Sänger a mat lëtzebuerger Sänger zu Wien, déi ech zu menge léifste Frënn dierf zielen a mat deenen zesumme mir schonn esou muenech schéi Stonn zu Wien verbruecht hunn - eng Kombinatioun vu perséinlechen Ëmstänn, Virléiften, Bekanntschaften an Hannergrënn, déi an deer Komplexitéit kaum op engem aneren Dësch dierften zesumme komm sinn.

Apropos Dësch: eisen Dësch Nummer 30 wor einfach genial, eng richteg Premium-Lounge!

Et war en herrleche Genoss iech op der Schëffsbühn ze erliewen! En onerwaarte Genoss wor och den Tenor, dee mech mat sengem Zarewitsch vill méi un d'Vibréiere bruecht huet wéi mir dat eigentlech léif wor. Dat ass bei iech souwisou genial: wéi dir et fäerdeg bréngt, mat engem Lidd, mat der Stëmm, mam Gesank eng Stëmmung ze evozéieren, eng Atmosphär ze schafen, eng Ambiance ze suggeréieren, fir déi kee Bühnebild néideg ass, keng Requisitë gebraucht ginn, keng Oper a keen Orchester néideg ass, einfach nëmmen ee Lidd, ganz dezent um Fligel begleet. Dat ass fantastesch!

All Gudds fir iech zwee!

Guy (a Karin)
Britta Wallstein wrote on 13/10/2015 at 09:35
Mo 08 Nov 2010

Musicalshow: MUSICAL meets CLASSIC zu Beetebuerg

Hallo Herr Hartmann,

die Musical meets classic Gala , in Bettembourg hat uns wieder sehr gut gefallen. Der Weg aus Deutschland hat sich wieder sehr gelohnt.

Viele Grüße

Britta Wallstein
Raymond Stocklausen wrote on 13/10/2015 at 09:34
Mo 25 Okt 2010

Musicalshow: MUSICAL meets CLASSIC zu Beetebuerg

Un d'Ganz Equipe vun Musical meets Classic
vun aerem Optrëtt zu Beetebuerg.

E grouss Kompliment, super, äusserst professionnell, sprëtzeg an en kontinuieirlecht Feierwierk vu Melodien aus weltberühmte Musicals.
BRAVO

Raymond Stocklausen

PS: Nëmmen d'Rolex Auer beim Optrëtt vum Här Hartmann beim
* Wann ech eemol räich wier * war e klenge Mini Regiefehler (deen awer soss kengem opgefall ass).
Patrick Ries wrote on 13/10/2015 at 09:34
So 24 Okt 2010

Respekt fir de

Saluti dir 2. Är Optrëtter sin net nëmmen eppes fir Ouer an Aan mé och d'Bauchmuskelen ginn emmer gutt strapazeiert wëll et gëtt niewend Profesionalismus a Perfektioun emmer genuch ze laachen...
WEider esou a vill Erfolleg mat der Mumm Seis. An der Hoffnung datt eis lëtzebuerger Kultur net vergiess gët ... och wann eeen se bal misst um Trottoir kucken, well fir eis Kulturtempelen nemmen dat zielt wat aus dem Ausland kennt. Dofir dreien jo och eis gudd Leit Lëtzbuerg de Rëck a feieren hir Erfolleger dann eben an mei weltoffenen Operenheiser z.B. un der Donau
Guy Berg wrote on 13/10/2015 at 09:33
Mi 29 Sep 2010

Première vun der MUMM SÉIS am Atelier


Salut Carlo a Yannchen!

E ganz ganz décke Merci fir déi bravouréis Première de Samschdeg den Owend am Atelier !!! Dat ass Theater pur - a sécherlech genee dat, wat och den Dicks ënnert engem "Koméidistéck" verstanen huet!

Wéi dir dat fäerdeg bréngt, op deenen dräi mol dräi Meter Bühn esou e Freedefeier knuppen ze doen ... an dat fënnt keen Enn, dat verpufft net einfach esou, dat geet do Schlag op Schlag - als Nokuckert hues de am Fong keng Zäit dech ze besannen, du bass permanent gefuerdert ...

D'Mumm Séis, esou voluminéis datt si scho bal wéi eng iwwernatierlech Erscheinung gutt d'Halschent vun der Bühn fir sech brauch, ideal besat mat Dir Carlo, an ech muss soen, déi Hauf geet Dir tatsächlech immens gutt. Déi ass esou léif, déi Mumm Séiss, esou eenzegaarteg léif, esou richteg kannereg onschëlleg léif, esou eng Mimmche bräicht een am wierkleche Liewen.

Verzweiwelt hunn ech versicht, beim Hexentommes iergendeppes Yannchen-méisseges erëm ze erkennen - ëmsoss! Déi Maskerad déi ass däermoosse perfekt, do sees de näischt méi. A wat fir e subtilen Hexemeeschter do ënnerwee wor! Wéi delikat an ambivalent déi Figur a Wierklechkeet ass, dat ass mir esou richteg beim Beschwörungslidd opgaangen, wou dem Tommes op eemol selwer den Dadder gaangen ass. Super Yannchen!

Den Al war ganz a sengem Element, de Péiter geet him bis an d'kleng Zéif erof, dat gesäit ee vun der éischter Sekonn un.

Der Mme Schlechter war ech ze déifst dankbar fir hir formidabel Diktioun! Dat ass einfach genial, esou eng Roll, déi quasi nëmme vum Wuertspill a vum domme Gebraddels lieft, mat engem Schauspiller ze besetzen dee genee dat eriwwer bréngt.

Dat nämlecht gëlt iwwregens fir äert Kättéi! Huet dat Meedchen eigentlech schonns esou vill Bühnenerfahrung? Hatt wierkt esou jonk datt ech mer dat bal net virstelle kann. Mee super gespillt, a super gesongen!

Fir mech ganz perséinlech wor et natierlech genial ze gesinn wat dir aus esou engem Text maacht, wann dir déi dréche Wierder, iwwert deenen ech elo e puer Woche laang geknat hunn, mat Musek a Gesank a Gesten a Mimik op d'Bühn bréngt. Eng héichinteressant Erfahrung fir mech!

Nach eng Kéier eisen décke Merci! Mir kommen iech souwisou nach eng Kéier kucken, ech wëll onbedéngt datt d'Véronique iech och gesäit.

All Gudds fir déi nächst Optrëtter!

Guy (a Karin a Kimi)
Christiane wrote on 13/10/2015 at 09:32
Mo 27 Sep 2010

Mumm Séis am ATELIER

Léift Yannchen, léiwe Carlo an léift Momo,

Mir waren e Samsdesch d'Première kucken an lauschteren an waren total beggeeschtert!!! Den Hexentommes, niemools am Liewen, Yannchen, hätte mir dech erem erkannt - einfach genial - an d'Mumm Séis - fantastesch, vum Momo guer net ze schwätzen :), Kostümer, d'Deko.... alles eng ganz grouss Leeschtung!!

Also ganz grouss Félicitatiou'nen!

Christiane
Laura Asselbornh wrote on 13/10/2015 at 09:32
Mo 27 Sep 2010

Mumm Séis am Atelier

No laange Joren huet endlech erëm eng Theatergrupp sech d'Méi gemaach
d'Mumm Séis vum Dicks op d'Brieder ze bréngen. E flott Stéck, dat duerch
déi gutt Leeschtung vun de Schauspiller a Sänger glänzt. Eng gewoten a
modern Interpretatioun, awer am Dicks ( deen den Owend ganz sécher säi
Spaass gehat hätt) senger Sprooch, déi den Zuschauer mat abënnt, sou
datt dee Loscht kritt matzespillen.
Et ass op jiddefall derwäert, e bëssen Zäit ze investéieren, fir sech
dat Stéck, oder besser déi Operette unzekucken.

"Avisse osamateurs!! seet de Fransous" (fir et am Sproochmates senge Wieder
ze soen)

Laura Asselborn
Tania wrote on 13/10/2015 at 09:31
Mo 27 Sep 2010

Mumm Séis

Moien Alleguer,

Hunn geschter zesummen mat mengen Kanner Aert Kaméidistéck Mumm Séis gesinn a war begeeschtert: endlech traut een sech un d'lëtzebuerger Kultur! Deelweis hunn ech gemengt meng Boma géif matspillen mat deenen aalen Sprëch!

Felicitatioun un déi ganz Trupp a weider esou

Tania vun Diddleng
Scholtes-Brucher Carole wrote on 13/10/2015 at 09:30
Mo 27 Sep 2010

Mumm Séis am Atelier

Super Mega daat war mei wei eischt Klasse fuert vierun esou ;-))
Rainer Holbe wrote on 13/10/2015 at 09:30
Mo 08 Feb 2010

Im Weissen Rössl

Liebe Yannchen Hoffmann, lieber Carlo Hartmann,

Als Freund der Operette wünsche ich Ihnen weiterhin viele schöne Aufführungen und unerschöpfliches Glück auf den Bühnen dieser Welt.

Liebe Grüsse
Ihr Rainer Holbe
Sonja Schaeffer wrote on 13/10/2015 at 09:29
So 17 Jan 2010

Im weissen Röss'l

Als Member vun der Schmunzelkëscht Garnech , nach eemol e grousse Merci fir dee flotten Owend e Samsden 16.Januar ! Eng super Trupp, ët war e richtegen Genoss ...an och herno nach beim gudde Patt !
Auf ein Neues a fuert weider esou !
Guy a Karin Berg wrote on 13/10/2015 at 09:28
Mo 07 Dez 2009

IM WEISSEN RÖSSL

Léiwe Carlo, léift Yannchen,

Mir hunn iech de Freideg virun aacht Deeg zu Réimech am Gewännchen erlieft a waren hellewech begeeschtert vun Ärer Prestatioun: eng super Mise en scène, super Stëmmen, super Schauspiller, super Ambiance ! Einfach genial ! Wéi maacht dir dat nëmmen ....?

Dir Yannchen, huet een d'Éisträicherin grad esou oofgeholl wéi dir Carlo de Berliner (an der Mme Schlechter d'Lëtzebuergerin). Et as e ganz spezielle Genoss Lëtzebuerger ze gesinn, déi sech op sou engem sphistikéierten Niveau, däitsch Dialekter an de Kapp geheien. D'Karin an ech mir louchen zäitweis ënnert dem Stull.

Wat einfach herrlech as: Dir sangt nët nëmme bravouréis a fantastesch - Dir sidd och nach excellent Schauspiller ! An dir bréngt et fäerdeg, aus sou engem Stëck op der Bühn alles eraus ze huelen, awer wierklech alles.

Ech hu mech iwwregens herno gewonnert ze gesinn dass Dir dat ganzt Rössl, mat enger reng "lëtzebuergescher Besetzung" opféiert.

Impressionnant !!!

All Guddes fir èr Zukunft, a macht roueg weider esou.

Guy a Karin Berg
Lydie Lotzkes wrote on 13/10/2015 at 09:28
Do 26 Nov 2009

UNTERGANG DER TITANIC

Die leetzt Fohrt mat der Marie-Astrid wa e ganz schinen
Owend. Dei Biller die ech gemach hon, schecke ech op DVD
uan eir Adress.
Mir fräen is well ob dat neit Scheff.
V.G. ous dem schinen Veinen vuam Lydie am Gast.
Carlo Hartmann wrote on 13/10/2015 at 09:27
So 25 Jan 2009 16:57:52 CET

Léiwe Grouss

Hallo dir zwee Léiwer!!

Ech hunn tonneweis Komplimenter kritt fir äre Wiener Owend op Der Cap! Ech fréeên mech drop mol engker mat Iech hei zu Wien een huelen ze goen!

MbG,

Marco jr.
Elisabeth Faber wrote on 13/10/2015 at 09:26
Wiener Abend auf der Marie-Astrid

Ich muß schon sagen, es war ein wunderschöner Abend.
Ihr habt das Publikum sehr begeistert, insbesondere mich.
Viel Erfolg wünsche ich Euch bei den Auftritten und macht so weiter. Vielleicht trifft man sich ja noch einmal, das wäre schön.
Aus Bollendorf nicht weit von Christnach, liebe Grüße
Elisabeth

PS: Die Gruppe die Euren Dackel hat.
Breithoff Daniel wrote on 13/10/2015 at 09:26
Wiener Owend op der Marie-Astrid

Ären Optrett war super gudd gewiéscht. Et huet mir ganz gudd gefall.